Évenements
2025-11-20 23:00:00+00:00

Kabaret Sténkdéier

Kabaret-Ste-nkde-ier-c-Claude-Siebenaler_WEB_main

Informations générales

Date & heure :
Vendredi le 21 novembre 2025 de 20:00 - 20:00

Localisation : Cube 521

Prix : Erwachsene 22€, Cube Card 19€, <26 Jahren 11€

De Kabaret Sténkdéier mat hirem neie Programm „Et gëtt héich Zäit“..

From ECHO.lu

Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?

„Et gëtt héich Zäit“ ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d'Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg.

Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!

Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.