• Tourisme
  • Commerce
  • Culture

Clervaux

lu - ve 8h00 - 11h30
ma - ve14h00 - 16h30
me14h00 - 19h00*

* bureau de la population:
me 16h30 - 19h00
* la veille d'un jour férié,
le bureau ferme à 16.30 heures

Clervaux

Château de Clervaux
6, Montée du Château

B.P. 35
L-9701 Clervaux

T. +352 27 800 1
F. +352 27 800 900
E. secretariat@clervaux.lu

Heinerscheid

lu - ve 8h00 - 11h30
ma - ve14h00 - 16h30

2, Kierchestrooss
L-9753 Heinerscheid

Accueil > Actualités > Manifestations

D'Melusinnen

  • 27/04/2024, 20:00 - 23:00
  • 28/04/2024, 18:00 - 21:00

Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret ! D’Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all Är geheimste Wënsch an wëllsten Dreem.



Wéi sollt d'Melusina sech fillen, wann et haut liewe géif? Wär hatt eis Grand-Duchesse oder éischter eng Influencerin, déi eis Massage-Ueleg verkafe wéilt?


Wie wär säi Sigfrid? Den Heng, de Xav, de Serge Tonnar oder iewer de Flavio Becca? An eigentlech hätt et schonn deemools vill léiwer de Sigfrid aus der Nibellungeso gehat, dee géint d'Draache kämpft an ee reegelrechte Playboy war, wéi säi Langweiler vu Feelen, deen him eng ongehëtzt Buedkummer als Prisong op engem verloossene Fiels gebaut hat. Oder wär säi Sigfrid um Enn dach éischter ee Sigfrida?


A ganz bestëmmt wéilt hatt och net just all 7 Joer eng Kéier opdauchen a verzweifelt op een Erléiser hoffen, mee hatt wéilt säi Liewen a vollen Zich genéissen, sangen, danzen a feieren an ni méi un d’Verspriechen an un d’Schwier vun de Männer gleewen.


Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret, deen op der Héicht vun der Zäit Stellung zu der Lag vun eiser Bommeleeër*innen-Natioun hëlt. D’Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all Är geheimste Wënsch an wëllsten Dreem. 


Reservierung und Informationen: info@cube521.lu | +352 521 521

Billets

  • Plein Tarif 22
  • Cube Card 19
  • < 26 ans 11

Lieu

Cube 521
Driicht
L-9764
Marnach
lu

Site Web : http://www.cube521.lu

Public

Pour tous publics