• Tourisme
  • Commerce
  • Culture

Clervaux

lu - ve 8h00 - 11h30
ma - ve14h00 - 16h30
me14h00 - 19h00*

* bureau de la population:
me 16h30 - 19h00
* la veille d'un jour férié,
le bureau ferme à 16.30 heures

Clervaux

Château de Clervaux
6, Montée du Château

B.P. 35
L-9701 Clervaux

T. +352 27 800 1
F. +352 27 800 900
E. secretariat@clervaux.lu

Heinerscheid

lu - ve 8h00 - 11h30
ma - ve14h00 - 16h30

2, Kierchestrooss
L-9753 Heinerscheid

Accueil > Actualités > Manifestations

D'Cojellicos Jangen

Dat elei an dat elo

  • 11/05/2024, 20:00 - 23:00

Fir den 200. Gebuertsdag vum Hexemeeschter Edmond ‚Dicks‘ de la Fontaine hunn d’Jangen eng Rei vu sengen ‚Éiweggrénger‘ vun den Arrangeuren Ivan Boumans, Valérie Knabe, Jean-Marie Kieffer, Claude Kraus, Jean-Paul Majerus a Georges Urwald fir hire Gesangsstil arrangéiere gelooss. Nieft däers elei an däers elo bréngen d’Jangen och eng Auswiel vun anere bekannte Lëtzebuerger Klassiker op d’Bün.



Mat de Cojellico’s Jangen entsteet am Joer 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher en neit Format, fir bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert ze presentéieren: am Sound an am Look vun de legendäre Comedian Harmonists (1928-1935). Säitdeem hunn d‘Jangen (benannt nom Jempy Welter sengem Lidd Cojellico’s Jang) ronn 120 Concerte gesongen an et sinn 4 Alben erauskomm: Live am Inoui (2012), Dammenalphabet (2017), Gloria (2018) an Dat elei an dat elo (2023).


All Concert, all Album, all Joer huet seng Geschichten hannerlooss. D’Joer 2023 markéiert d’Jangen awer op eng besonnesch batter Manéier: si verléieren Ufank Mäerz no laanger Krankheet hire Bassist an Arrangeur Jean-Marie. D’Welt ass elo eng aner. Déi gemeinsam gesonge Lidder sinn a bleiwe Schmierz an Trouscht zugläich. Esou kritt och den Titel vum neien Album fir dem Dicks säin 200. Gebuertsdag „Dat elei an dat elo“ eng nei Bedeitung: et gi Situatiounen am Liewen, wou mer eis net entscheede kënnen oder sollen. Trauer a Freed, Leed a Gléck dierfen nieftenaner existéieren. An dat maache se och. Am Numm vum groussen Hexemeeschter, vum Gréit, vum Salomon, vum Gottlieb Hurra a vum Liss. 


Reservierung und Informationen: info@cube521.lu | +352 521 521

Billets

  • Plein Tarif 26
  • Cube Card 21
  • < 26 ans 12

Lieu

Cube 521
DRIICHT
L-9764
MARNACH
lu

Site Web : http://www.cube521.lu

Public

Pour tous publics