Évenements
2027-01-16 00:00:00+01:00

Du Fausti do

Allgemeine Informationen

Datum und Uhrzeit:
Samstag le 16 Januar 2027 von 20:00 - 22:30

Localisation : Cube 521

Prix : Plein Tarif 26€, Cube Card 21€, <26 ans 12€

Eng interessant, ofwiesslungsräich a musikalesch Rees duerch d’Liewe vum bekannte Lëtzebuerger Entertainer Fausti (1940-2021) – vum Zweete Weltkrich iwwert déi wëll 60er a 70er bis zur Covid Pandemie. Eng Produktioun vum Iechternacher Lycée an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik an dem Trifolion..

From ECHO.lu

Schauspiller, Erzieler, grousse Chouer, Begleetband an eng Leinwandprojektioun presentéieren Iech eng gesonge Geschichtsstonn, mat Lidder iwwert politesch an historesch Ereegnisser zu Lëtzebuerg an de bekannten Hits vum Fausti. Dëse Musekspektakel ass, no „Du Litty Do!“ (1872-1932) aus dem Joer 2023, den zweeten Deel aus der Trilogie, déi Lëtzebuerger Geschicht a Geschichten mat engem bekannten Entertainer als Protagonist, vun ugangs dem 19. Joerhonnert bis haut op d’Bün brénge wëll.