Évenements
2026-11-22 00:00:00+01:00

Kabaret Sténkdéier

Kabaret-Ste-nkde-ier-c-Claude-Sibenaler_02_main

Allgemeine Informationen

Datum und Uhrzeit:
Sonntag le 22 November 2026 von 18:00 - 18:00

Localisation : Cube 521

Prix : Eintritt 19€

Organisé par : Club Haus op der Heed

Téléphone de l'organisateur : 998236

Email de l'organisateur : [email protected]

D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout!

Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass

ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen,

wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen,

dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech

sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis

d’Aen a verstinn d’Welt net méi.

Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex

Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net

geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst e Selfie mat sengem

Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun

hänkt um Baxter.

A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net

a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze

dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land grad wéi den ëffentlechen Transport ëmmer méi

Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen! Ee Land wat sech esou Politiker

leescht, muss sech net wonneren.

Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit? Wann alles a Fränjelen

ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis

Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De

Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder!

From ECHO.lu

A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo! “Alles a

Fränjelen”, een Owend, dee wéi deet, wann et néideg ass an dee wiermt, wann et

méiglech ass.

Text ©Cube521

Umeldung / Anmeldung / Inscription

Club Haus op der Heed

Tel: 998236

Mail: [email protected]

.