Stories & Sounds
- 06/05/2023, 20:00

3 Fraen, 3 Stëmmen, 3 Weeër eng Geschicht z’erzielen…
Op lëtzebuergesch & franséisch.
Luisa Bevilacqua | Erzielung
Betsy Dentzer | Erzielung
Claire Parsons | Gesang & Musek
Produktioun | Erzielkonscht a.s.b.l.
Déi zwou Erzielkënschtlerinnen Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer treffen op d’Claire Parsons, Jazzsängerin a -musekerin. Si all reese mat liichtem Gepäck fir sech zesummen op eng onbekannte Rees ze maachen: Al Weeër gi verlooss fir am Moment Neies z’entdecken.
Virun den Aen an Ouere vum Public loossen di 3 Kënschtlerinnen nei Welten entstoen, wou Kläng, Wieder, Gesang, Geschichten a Musek sech géigesäiteg inspiréieren an ofwiesselen. Stories & Sounds ass ee Sprong an d’kaalt Waasser, en Experiment, ee Faass ouni Buedem voller Pläséier um Spill, an deem alles méiglech ass… an nach villes méi.
Fotoen: © Véronique Kolber | © Rosanna Bevilacqua | © Lynn Theisen
Billets
- Plein tarif 26
- Cube Card 21
- < 26 ans 12
Lieu
Cube 521
DRIICHT
L-9764
MARNACH
lu
Site Web : http://www.cube521.lu
Public
Pour tous publics