• Fremdenverkehr
  • Handel
  • Kultur

Clervaux

Ausschließlich nach Terminabsprache.

mo - fr 8:00 - 11:30
di - fr14:00 - 16:30
mi14:00 - 19:00*

* Bürgeramt:
mi 16:30 - 19:00
* am Vorabend eines Feiertages
schließt das Büro um 16:30 Uhr

Clervaux

Château de Clervaux
6, Montée du Château

B.P. 35
L-9701 Clervaux

T. +352 27 800 1
F. +352 27 800 900
E. secretariat@clervaux.lu

Heinerscheid

Ausschließlich nach Terminabsprache.

mo - fr 8:00 - 11:30
di - fr14:00 - 16:30

2, Kierchestrooss
L-9753 Heinerscheid

Willkommen > Aktualität > RTL 92,5 Déi gutt Noriicht vun der Woch

RTL 92,5 Déi gutt Noriicht vun der Woch

Bis de 25. Juni ass d’Gemeng Cliärref 10 Wochen op der Antenne RTL 92,5 präsent mat der Aktioun « Déi gutt Neiegkeet vun der Woch ». Zesumme mat de lokalen Hotelen a Restauranten an de Partner CNA, CUBE521 a GOLF DE CLERVAUX gëtt all Woch e Package “1 Weekend fir 2 Persounen an der Gemeng Cliärref“ verspillt.

RTL rifft all Woch d’Nolauschterer op hir gutt Neiegkeet 2021 eranzeschécken. Ënner allen Noriichten déi erakomme gëtt freides déi gutt Noriicht vun der Woch erausgesicht an dës gewënnt de Wochepräis.

Dir fannt d’Aktioun mat den Detailer op och op RTL.lu:

 

Maacht mat op RTL 92,5 a gewannt dëse Freideg 14. Mee:

  • en Arrangement en Amoureux am Hôtel du Commerce zu Cliärref mat 2 Iwwernuechtungen an Owesiessen,
  • e Restaurantsbong am Restaurant Yves Radelet zu Draufelt,
  • Tickete fir d'Ausstellung Family of Man,
  • Tickete fir eng Virféierung am Kulturhaus Cube 521,
  • e Schnuppercours um Cliärrwer Golf.

 

Hôtel du Commerce

Gegrënnt am Joer 1918, gëtt den Hôtel du Commerce zënter 1954 vun der Famill Gindt-Tholl geréiert. 2013 huet de Jean-Claude Gindt d'Gestioun vum Hotel an der drëtter Generatioun iwwerholl. Den Hôtel du Commerce bitt modern Zëmmer um Fouss vum Cliärrwer Schlass, um Bord vun der Clerve.

Den neie Restaurant vum Hotel, "La Table de Clervaux", bitt eng international Gourmet-Kiche mat lëtzebuergesche Spezialitéiten un. Entdeckt och de grousse Wäikeller.

De Wellnesszenter bitt vill Wellness- a Schéinheetsbehandlungen, och Hot-Stone-Massagen. Nieft der Indoor-Schwämm, fannt dir hei och eng Sauna, e Whirlpool  an en tierkescht Bad op der Plaz.

www.hotelducommerce.lu

Tél. : + 352 92 10 32

Mail : info@hotelducommerce.lu

 

Restaurant Yves Radelet

Dem Yves Radelet säi Restaurant läit zu Draufelt bei Cliärref. De Chef Yves a seng Fra Jennifer begréissen Iech an engem ale Bauerenhaus, dat wonnerbar transforméiert gouf. Hie schafft direkt nieft senge Clienten a bitt e klassesche Menü mat lokale Produkter un esou wéi och zäitgenëssesch Menüen. D'Kéise sinn hausgemaach, grad ewéi d'Nuddelen, d'Jughurten an d'Glacen.

www.yvesradelet.com

Tél. : + 352 26 90 36 57

Mail :   info@yvesradelet.com

The Family of Man

The Family of Man ass eng Fotosammlung, déi vum Edward Steichen, engem gebiertege Lëtzebuerger, fir de Museum of Modern Art (MoMA) zu New York aus 503 Fotoe vun 273 verschiddene Fotografen aus iwwer 60 Länner zesummegestallt gouf.

Dës Kollektioun, déi 1955 zu New York fir d’éischte Kéier gewise gouf, sollt nom Krich ee Manifest fir de Fridden an déi fundamental Gläichheet vun alle Mënsche sinn, a gëllt als eng vun de bedeitendste Sammlunge vun humanistescher Fotografie.

No enger Weltrees, an op Wonsch vum Edward Steichen, kënnt d’Ausstellung 1966 als Don vun der amerikanescher Regierung op Lëtzebuerg an ass zënter 1994 als permanent Ausstellung am Clierfer Schlass installéiert.

Säit hirer Kreatioun gouf ‚The Family of Man' vun iwwer 10 Millioune Visiteure weltwäit gesinn a gëllt haut als eng vun deene bekanntesten a wichtegste Fotoausstellunge vun allen Zäiten. Zënter 2003 ass d’Kollektioun Deel vum UNESCO Weltdokumentenierwen.

Méi Detailer fannt Dir op: https://www.steichencollections.lu/

 

Cube521

Dat regionaalt Kulturhaus, mat senger performanter a professioneller Technik, läit an enger flotter touristescher Géigend an där Kultur, Natur a Gastronomie sech op eng besonnesch Aart kombinéiere loossen.

Duerch déi héichwäerteg, sparteniwwergräifend Programmatioun iwwert d’Grenzen eraus bekannt, an awer och als sozialen Treffpunkt beléift, gräift de Cube d’Bedürfnisser vum Mënsch no Bildung, Kreativitéit, Participatioun um soziale Liewen op. Besonnesch an der haiteger, duerch d’Pandemie bestëmmter Zäit, leescht d’Haus, duerch seng Live-Evenementer e ganz wäertvolle Bäitrag a gëtt der Gesellschaft e Stéck Liewensqualitéit zeréck.

D’ganzt Joer iwwer bitt de Cube 521 e flotten, sparteniwwergräifende Kulturprogramm. Op klasseschen oder aktuellen Theater, Danz, World-Music, Jazz, klassesch Musek, Chanson, iwwer Kanner- a Jugendtheater...  jidderee fënnt sech an dësem Programm erëm.

Entdeckt de ganze Programm ënner www.cube521.lu

 

Golf de Clervaux

De Clierfer Golf offréiert den Nolauschterer 10 Bonge fir e Golf-Schnuppercours vu jeeweils 90 Minutte fir 2 Persounen (oder eng Famill). Falls Dir scho Golf spillt, kënnt Dir Iech am Sekretariat vum Golf de Clervaux mellen an Äre Bong géint 2 Greenfee'en ëmtauschen. 

De Golf de Clervaux läit zu Eeselbuer, nëmmen 3 km vu Cliärref ewech. Dëse Golf huet nieft dem 18-Lach Parcours eng grouss Driving-Range an een 3-Lach Übungsparcours mat villen Trainingsméiglechkeeten, déi Summer wéi Wanter op sinn. 

De Golf de Clervaux invitéiert op eng Golfvakanz zu Lëtzebuerg a sengem Golf & Country Hotel Clervaux ****. Et ass déi ideal Plaz fir en Openthalt an engem Top-of-the-Range Golf Resort mat Golfgenoss an Entdeckung vum Norde vu Lëtzebuerg ze kombinéieren.

Méi Detailer fannt Dir op:  www.golfclervaux.lu

Hei sinn d’Hotellen a Campingen déi matmaachen:

  • Manoir Kasselslay vu Rueder
  • Hotel Reiff vu Fëschbech
  • Hotel International vu Cliärref
  • Le Clervaux Boutique und Design Hotel vu Cliärref
  • Hotel du Commerce vu Cliärref
  • Hotel Golf vun Eeselbuer
  • Château d’Urspelt vun Ischpelt
  • Cornelsyhaff vun Hengischt
  • Robbesscheier vu Munzen
  • Camping Tintesmühle
  • Camping Reilerweier
  • Camping de Clervaux

 

Hei sinn d'Restauranten déi matmaachen:

  • Restaurant Les Ecuries du Parc vu Cliärref
  • Restaurant Bourg vu Wäicherdang
  • Restaurant Madeleine vu Maarnech
  • Restaurant Yves Radelet vun Draufelt
  • Restaurant Château de Clervaux vu Cliärref