Gratis Mesuren: Non-formal Bildung zougänglech fir jiddwereen
Mat enger Rei vu Mesuren, déi fir d’Elteren deels gratis sinn an deels hir Käschte reduzéieren, soll fir all d’Kanner den Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Betreiung an zu der non-formaler Bildung vereinfacht ginn, onofhängeg vun der Bildungs- a Betreiungsstruktur, an déi si ginn. Domat dréit de Staat zu enger verbesserter Chancëgläichheet bäi.