Vill Kaméidi fir näischt?
Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
- 29/01/2023, 17:00 - 19:00
Eng Zesummenarbicht vum Club Haus op der Heed an dem Cube 521
Et si schaardeg Zäiten an d’Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land
vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen,
an deem d’Rief laanscht d’Mousel verdiert, d’Sauer duerch d’Fielse just nach rënnt an d’Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d’Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.
De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass.
©Roland Meyer
Tickets
Verkauft von: | Club Haus op der Heed |
Telefon: | 998236 |
E-Mail: | |
Internetseite: | opderheed.lu |
- Eintritt 12
Ort
Cube 521
DRIICHT
L-9764
MARNACH
lu
Internetseite : http://www.cube521.lu
Publikum
Für jeden