Let’s be fair! Fairtrade an der Gemeng Cliärref
Et si Fairtrade-Wochen hei zu Lëtzebuerg. Beim Kaf vun engem fairgehandelten Artikel maacht Dir e fairen Handel an ënnerstëtzt esou de klenge Bauer, de klenge Produzent fir datt hien e faire Präis fir seng Aarbecht a säi Produkt kritt. Fannt hei all d'Aktiounen déi nach bis de 16. Mee, duerch d'ganzt Land, organiséiert gi fir op de fairen Handel opmierksam ze maachen: https://www.fairtrade.lu/willkommen.html
De lokale Fairtrade Aktiounsgrupp huet als Missioun ze sensibiliséieren an op verschidden Aart a Weisen den Amateur vu Schockela, Banannen, Kaffi asw. ze mobiliséieren sech fir de fairgehandelte Produkt ze entscheeden wann et keng lokal Alternativ dozou gëtt.
Hei e perséinleche Message vun de Membere vum Fairtrade Aktiounsgrupp:
Jacquot Junk
Conseiller Gemeng Cliärref / Fairtrade Aktiounsgrupp
Anne Eicher
Enseignante LESC / Fairtrade Aktiounsgrupp
Nadine Nicks
City Manager Gemeng Cliärref / Fairtrade Aktiounsgrupp
Bob Schiltges
Enseignant LESC / Fairtrade Aktiounsgrupp
Betsy Aschman
Conseillère Gemeng Cliärref / Fairtrade Aktiounsgrupp
Sidd Dir interesséiert fir matzemaache beim lokale Fairtrade Aktiounsgrupp?
Mellt Eech einfach un: Tel. +352 621 559 000 oder city.management@clervaux.lu