Cliärrwer “Hase-Rallye“
durrich den Zentrum va Cliärref bis den 18. Abrëll.
Wéivill Häsercher kanns Du am Zentrum va Cliärref zällen?
Matmaachen a gewannen:
Et ass ganz einfach: Séich beim Spadséieregoen no allen Häsercher, déi sech am Zentrum va Cliärref (bis erop bei d’Schlass) verstoppt hann.
Zäll se all déi s Du fënns a schreif d’Zal an deng Donnéeën op de Formulaire deen s Du am Tourist Center zu Cliärref krëss. Du kanns de Formulaire och hei erafladen a rausdrécken (mat Hëllef van dengen Elteren).
Verséich dengt Gléck a gewann e flotte Kaddo. Einfach de Formulaire beim Tourist Center afgiänn oder an d’Bréifkëst van der Gemeng am Schlass awerfen. A vläicht ass deemnächst e Kaddo an denger Bréifkëst.