Aktuell ausgewählte Neuigkeit
10-03-2017
D’Stroossesécherheet an Ärer Regioun
En Diskussiounsowend tëschend dem Nohaltegkeetsminister an allen interesséierte Bierger iwwer d’Stroossesécherheet an Ärer Regioun.
Programm :
- Allocutioun vum Buergermeeschter
- Aleedung a Virtrag iwwer d’Stroossesécherheet an der Regioun:
Wat kënne mir bei Iech a Punkto Stroossesécherheet verbesseren?
Wéi soll Ären ëffentleche Raum am Sënn vun de Bierger amenagéiert ginn?
- Kuerz Presentatioun vum Här Minister
- Oppen Diskussioun
- Éierewain offréiert vun der Gemeng
Den Entrée ass fräi.
- Méindes, den 20. März 2017 um 19h00 Centre Culturel « Schéiss» - 142, Val Ste Croix L-1370 Luxembourg
- Donneschdes, den 30. März 2017 um 19h00 Mamer Schlass – 1, place de l’Indépendance L-8252 Mamer
- Méindes, den 3. Abrëll 2017 um 19h00 Centre Culturel Prince Henri – 3, route de Diekirch L-7220 Helmsange
- Donneschdes, den 6. Abrëll 2017 um 19h00 Hôtel de Ville - Place de l’Hôtel de Ville L-4149 Esch-sur-Alzette
- Donneschdes, den 4. Mee 2017 um 19h00 Aalt Stadhaus - 38, avenue Charlotte L-4530 Differdange
- Méindes, den 29. Mee 2017 um 19h00 Salle des fêtes Nic. Birtz – Place de l’Hôtel de Ville L-3590 Dudelange
- Méindes, den 19. Juni 2017 um 19h00 École fondamentale - Stehresplaz L-9226 Diekirch
- Mëttwochs, den 21. Juni 2017 um 19h00 École fondamentale „Reenert“ – 11, avenue Nic. Kreins L-9536 Wiltz
- Dënschdes, den 4. Juli 2017 um 19h00 Centre culturel - route de Luxembourg L-6633 Wasserbillig
- Dënschdes, den 11. Juli 2017 um 19h00 Centre polyvalent Gaston Stein – 1, Zone artisanale et commerciale L-6131 Junglinster
Eng simultan Iwwersëtzung op franséisch ass assuréiert.
